🧡 Op Haaptinhalt sprangen🔍 Op Sich sprangen

Mir wëssen, wéi wichteg et ass, datt Software genee dat mécht, wat Dir braucht. Duerch eis ästheetesch uspriechend Interface a Kombinatioun mat enger agebauter, technologesch sophistikéierter Léisung, offréiere mir Automatiséierungsprodukter fir Microsoft Windows, déi esouwuel Spaass bei der Benotzung maachen ewéi och Resultater bréngen.

Automation Workshop virtuell Box · v7.6.0

Automation Workshop

Duerch d'Automatiséierung vu repetitiven Aufgaben a Windows, gi Käschten effikass gekierzt a Prozesser beschleunegt, andeem se op engem nei geschafenen Tëschenniveau matenee verbonne ginn, wou komplex Léisungen ouni mënschlech Interventioun kënne kreéiert ginn.

Hei setzt Automation Workshop un — bei der intelligenter Automatiséierung vun enger grousser Zuel vu Schrëtt. Aufgabenautomatiséierung reduzéiert onnéideg mënschlech Matwierkung an deemno d'Zäit, déi net fir d'Haaptaufgaben zur Verfügung steet. Andeem Aufgaben automatiséiert ginn, gi Käschten effizient gekierzt a Prozesser méi séier ausgeféiert. Mënschlech Feeler an onnéideg Retarde ginn effikaass verhënnert, a visuell Tools sti bereet, fir vollstänneg Informatiounen zu vergaangenen Automatiséierungsprozesser ze sammelen.

Workshop, Oflaf- a Protokollmanager, Service an Aufgaben …

Beandrockend Funktiounen

Beandrockend Tools

  • Aufgabemanager · eng zentral Steierungsinterface, fir Aufgaben unzeleeën, ze editéieren an ze managen.
  • Oflaf- a Protokoll-Manager · déi bescht Aart a Weis, all automatiséiert Prozesser ze iwwerwaachen.
  • Operatiounsmanager · mat enger Performanz- a Statusiwwersiicht.
  • Trigger Manager · Lokaliséiert Triggeren unhand vun hiren aktuellen (a geplangten) Aktivéierungsbedéngungen.
  • Aufgabesichfunktioun · Aufgaben einfach fannen a verwalten.
  • Global Variabelen · All Variabelen a Konstante ganz einfach iwwerblécken, verwalten an editéieren.
  • Allerlee Aktivéierungstriggeren · predefinéiert Sette vun Aufgaben-Aktivéierungsbedéngungen.

Éischt Schrëtt

Command Line Email virtuell Box · v8.0

Command Line Email

Mat Command Line Email kënnt Dir einfach Text- a komplizéiert HTML-formatéiert Noriichte schécken, Fichieren, Dokumenter a Biller un E-Mailen uspéngelen an E-Maile vu geplangten Aufgaben, CGI-Skripter oder praktesch all Programm, dee kann extern Befeeler ausféieren, verschécken.

Mat Hëllef vun avancéierte Software-Funktioune kënne Parametere vun engem Textfichier oder Fichiere benotzt, Textverschlësselung vun enger Noriicht agestallt (Unicode, UTF-8, a.s.w.), MIME- Verschlësselung (Multipurpose Internet Mail Extensions) oder verschidden Authentifikatiounsmethoden ewéi AUTH PLAIN, LOGIN, NTLM, CRAM-MD5, automatesch Erkennung benotzt an eng sécher Kommunikatiounssessioun mat engem SMTP-Server iwwer gesécherten SSL-oder STARTTLS-Funktiounen, dorënner eng onlimitéiert Zuel un TO-, CC-, a BCC-Empfänger, ageriicht ginn, an nach vill méi.

Op ee Bléck

  • Verschéckt voll ausgestatt E-Maile mat onbegrenzten Unhäng, HTML-Formatéierung an E-Mail-Bestätegungen iwwer DOS-Prompten.
  • Stellt jidder E-Mail-Parameter mat Hëllef vun externen Text-Fichieren, mat voller Unicode- and UTF-8-Ënnerstëtzung an.
  • SMTP-Authentifikatioun mat enger automatescher Erkennungsfunktioun, fir automatesch eng Verbindung mat engem SMTP-Server opzebauen oder iwwer d'Benotzung vun Authentifizéierungsmethoden ewéi LOGIN, PLAIN, NTLM a CRAM-MD5.
  • Sécher Verbindung mat STARTTLS an SSL-Dateverschlësselung mat avancéiertem Debugging.
  • Einfach Befeelszeile-Parametere mat Alias-Ënnerstëtzung.
  • Benotzt Batch-Dateien, fir E-Mailen aus praktesch all Programm ze verschécken, dorënner VBA; PHP, Perl-Skripter a méi …

Éischt Schrëtt

Iwwer

Febooti, Ltd. ass eng privat Entreprise, déi an Europa baséiert ass. Eise Fokus läit ëmmer op der Produktqualitéit. Ugefaang bei der grëndlecher Préiwung vun der Funktionalitéit an der Benotzerinterface bis hin zur Testung vum Endprodukt, gëtt all Schrëtt mat Integritéit geholl, fir kënnen en zouverléissegt Automatiséierungserliefnes ze bidden.

Eis kontaktéieren

Mir valoriséieren Är Meenung an invitéieren Iech, eis mat Kommentarer, Virschléi a Froen ze kontaktéieren.